Frënn huet en net, op d'manst keng richteg. D'Schoul ass voll langweileg, d'Proffe mat hirer verlurener Pseudo-Pädagogik si fir ze katzen, a grad esou haasst hien seng Mamm an deer hir Typen, déi sech bei him doheem d'Klensch an de Grapp drécken. Glécklecherweis gëtt et wéinstens d'Shirley. D'Shirley ass megagäil. An den Johnny. Den Johnny Chicago. Deen huet zu allem eng Meenung an ass ëmmer do, wann een e brauch. An Hëllef brauch hien ëmmer. Well hie wëllt op kee Fall op Dräibuer kommen. An hien huet och soss alles sat. Ausser d'Shirley natierlech. Och wann d'Shirley heiansdo zimlech dernieft ass.
Dem Tullio Forgiarini säin éischte Roman op Lëtzebuergesch setzt sech mat der gesellschaftlecher Isolatioun an dem domatt verbonnene Manktem u Perspektive vun engem jonge Mënsch auserneen, déi riichtewech an d'Katastroph féieren - wann och an eng aner wéi déi, déi am Buchtitel ugedeit ass. Déi psychologesch iwwerzeegend Duerstellung vum Protagonist an sengem Ëmfeld, déi sech och an der - dacks graffer - Sprooch erëmspigelt, maachen Amok zu engem Lieserliefnës, dat verstéiert, an dësen Zäiten awer - onglécklecherweis - héichaktuell ass.